Cadeau de fin d'année 2023
exklusiv fir d'Membere vun de "Frënn vun der Militärmusek"
Sonndes, de 24. September 2023, huet d‘Militärmusek zesumme mam Choeur de Chambre de Luxembourg an der Solistin Silja Schindler an der Philharmonie dem Johan de Meij seng 5. Symphonie „Return to Middle Earth“ opgefouert.
Mat dësem Wierk geet hien 30 Joer no sengem Welterfolleg, der éischter Symphonie
„The Lord of the Ring“, zeréck no „Mittelerde“, der mythologescher Welt vum J.R.R Tolkien. Obwuel et e puer thematesch Reminiszenzen op déi éischt Symphonie gëtt, sou huet dëst Wierk awer seng eege musikalesch Atmosphär.
D‘Solosopranistin an de gemëschte Chouer spillen eng wichteg Roll: Si sangen op „Ilkorin“, eng vun de elfëscheSproochen vu „Mittelerde“. D‘Orks an aner Kläpper kommen och op d‘Bün, benotzen aawer just Gejäiz an hirer eegener Sprooch.
No dëser klenger Erklärung zum Wierk, wënsche mir Iech vill Spaass mat dem Johan de Meij senger 5. Symphonie, “Return to Middle Earth“
D‘Symphonie besteet aus 6 Sätz:
1.Miri na Feanor (Jewels of Feanor)
2.Tinúviel (Nightingale)
3.Ancalagon i-mor (Ancalagon, the Black)
4.Arwen Undómiel (Evenstar)
5.Dagor Delothrin (The War of Wrath)
6.Thuringwethil (Woman of Secret Shadow)